DECOLAP - Äppelchen 2

Index-Sujets

Ech sin virun der Krëschtvakanz vun enger Kollegin drop ugeschwat gin. Si wollt d'Thema Post behandelen a mat hire Kanner Bréiwer «schreiwen» fir ze verschécken. Ech hun d'Iddi flott fonnt a versprach, op d'Bréiwer, déi mir géngen kréien, ze äntweren.

Déi zweet Woch no der Vakanz as mueres de Bréifdréier bei eis an d'Schoul komm: Hien hat fir all Kand aus der Klass e Bréif. Jiddereen huet mussen säi Bréif erausfannen (d'Adressen waren an Dréckschrëft mat groussen Buschtawen geschriwwen).

«Si hun eppes gemoolt!»

«Si hun och hannendrop geschriwwen!»

«Wéi heescht mäin?» (dat Kand, dat mir gemoolt huet.)

«As et e Jong oder e Meedchen?»

«Kuck, wat mäint gemoolt huet!»

«Et huet schéi gemoolt!»

«Et huet elle gemoolt!»

D'Biller gi verglach, bewonnert a kritizéiert: D'Kanner hun esou begeeschtert all mateneen geschwat, dass et onméiglech gouf, d'Gespréicher ze verfollegen.

Dunn hun ech musse virliesen, wat hannendrop geschriwwe stung: Do war de Numm vum Kand, dat gemoolt hat, wou et géif wunnen, wat hat an der Schoul am léifsten hätt a woumat hatt doheem géif spillen.

Natierlech wollte méng Kanner dunn och gläich ufänken, fir hir nei Kollegen eppes ze molen.

Dobäi as och vill geschwat gin:

«Wat moolst du?»

«Fussball!»

«As dat de Goal?»

«Deen huet een derlaanscht geschoss!»

«An hei steet de Pokal!»

«Ech molen d'Schneewittchen!»

«Ech molen och d'Kinnigin!»

«An ech molen d'Hex!»

«Kuck Joffer, ech hu mech gemoolt.»

(ronderëm moolt en elauter Stréchelcher)

«Wat moolst du dann do?»

«Et reent an 't reent …»

De Bobby erklärt mir, wat hie gemoolt huet:

«Dat as eng Autobunn an eng witzeg Maschin.»

«Wat mécht déi witzeg Maschin dann?»

«Ma si geet do op, an da fällt Beton eraus!»

Den Dag duerno hun ech mat all eenzelt Kand e klengt Gespréich gehat, wat hat hannen op säi Bréif wëllt schreiwen. D'Kanner hun diktéiert, an ech hu geschriwwen. Si hun erzielt, wat si gäeren an der Schoul maachen, wat si doheem am léifsten spillen, vun der Lanter, déi mir am gaange waren ze bastelen, vum Verkleeden a vum Fuesbal, op deen si scho waren.

E Kand wollt jhust nëmmen schreiwen: Vill Gléck vu mir!

Souwäit zur éischter Etapp vun eiser Korrespondenz.

Mir hu wëlles, virunzefueren an a regelméissegen Ofstänn «Messagen» hin an hir ze schécken.

Also: Affaire à suivre!

Monique WEYDERT

Spillschoulsléierin zu Olm


Vous pouvez nous envoyer vos questions et commentaires, ainsi qu'un aperçu sur vos expériences dans ce domaine.

Schicken Sie uns Ihre Fragen, Ihren Kommentar und eine Übersicht über eigene Erfahrungen in diesem Bereich.



Turn off background image