DECOLAP - Äppelchen 3

Index-Sujets

Driwwer schwätzen

Beobachtungen an Iwwerleungen ronderëm d'Rollespill

Ausgangspunkt vu mënge Beobachtungen war d'Fro: Sin an de Kanner hire Rollespiller vill sproochlech Interaktiounen dran?
A ménger Klass hu mir fir de Moment d'Thema Zirkus, also hun ech de Kanner mol bei hiren Zirkusspiller nogekuckt, hei waren dat Déieren- an Akrobatennummeren.
Bei der Virbereedung, der eigentlecher Rolleverdeelung, as et zu enger Rei Virschléi an Diskussioune komm.
" Ech sin den Direkter. "
" Du bas e Léif, en Elefant! "
" Wat fir eng Nummer maache mir? "
" Wee fänkt un? "
" Mir wären eng Famill. "
" Lo komme mir. "

Zwee Jongen schwätzen sech of:
" Ech sin dës Kéier de Chef vun de Léiwen, du bas den Direkter. Ech weisen dir mat der Hand, wat s du solls usoen. "
Den Direkter: " Jetzt kommen die Löwen! "
De Chef vun de Léiwen (weist op d'Still): " Patten an d'Luucht! Setz dech rop! Sprang erof! "
Duerno kommen Elefanten an Tigeren. Vill gët mat Gesten gewisen, wat d'Déieren solle maachen. Heiandsdo kënnt e kuerz a knappe Befehl: " Komm! " - " Sprang! " - " Géi! " - " Bleif! "
Beim Nokucken hun ech mech gefrot, ob d'Kanner, wann si schon (ménger Meenung no) nët vill an hirer Roll schwätzen, vläicht duerno méi kënnten erzielen iwwert d'Roll, déi si gespillt hun? An duerfir hun ech mech gläich nom Spill mat hinnen zesummegesat, fir hinnen zu hirem Spill e puer Froen derzou ze stellen.
Joffer: Wat hut dir haut gespillt?
Jil: Mir hun Zirkus gespillt!
Fabienne: Ech war Elefant an Tiger.
Elefant hat d'Carolyn gesot.
Tiger war ech sou.
Carolyn: Ech war Zirkusdirekter. D'Nora an d'Fabienne waren Brülleviel (dat as e Léiwespill, dat mir e puer Deg virdrun gespillt haten).
Joffer: Firwat wars du den Direkter?
Carolyn: Ech hu selwer gesot!
Jil: Dat as eigentlech nët Direkter, wat's du wars, mee Dompteur.
Carolyn: Jo, dat war ech, Dompteur!
Bob: Ech war Zuschauer.

Joffer: Wollst du keng Nummer opféieren, oder hun di aner dech nët gelooss?
Bob: Ech wollt gäer Zuschauer sin, ech hun nogekuckt.
Joffer: Hues du vill geklappt?
Bob (wénkt jo mam Kapp):
Den Arnaud war och Zuschauer. Hien huet nët geklappt.
Jil: Ech mengen et huet him nët gefall.
lsabelle: Hien huet sou (hat kuckt ganz ellen) gekuckt!
Joffer: Nora, wat wars du am Zirkus?
Nora: Ech war Elefant a Léif!
Joffer: Wat huet den Elefant gemaach?
Nora: Ech wees nët méi ..., de Léif souz op engem Stull op véier Patten.
Maxime: Ech war Zuschauer an Dompteur. Dompteur vun den Tigeren.
Joffer: Wat hun d'Tigeren musse maachen?
Maxime: Um Stull op den Hippercher sëtzen, opstoen, rofsprangen. En Zuschauer as op engem Tiger geridden ...
Carolyn: Dat war ech!
Fabienne: Ech war den Tiger.
Joffer: An du, Jil, wat hues du am Zirkus gespillt?
Jil: ... di Dénger mat der Ficelle ...
Maxime: Diabolo!
Jil: ... den Teller mam Bengel.
Isabelle: Ech hat den Teller an och dat mat der Ficelle.
Maxime: Diabolo!!
Isabelle: Ech wollt dat gäer hun. Weess de, d'Jil an ech hun eis dat opgedeelt, mir hun eis ofgewiesselt.
Michel: Ech war och sou wéi d'Jil, weess de, dat Déngen fir an d'Luucht ze geheien, ... an ech hu jhongléiert mat zwee Bäll.
Joffer: Fir haut as den Zirkus fäerdeg. Spillt dir muer och nees?
Isabelle: Muer sin ech Dompteur!
Michel: Ech maache muer dat selwecht, ech probéieren mat dräi Bäll an den Teller.
Carolyn: Muer sin ech en Elefant.
Bob: Ech Léif.
Nora: Ech sin muer den Direkter.
D'Jil, d'Fabienne an de Maxime wëssen nach nët, wat si muer spillen.

Monique Weydert
Spillschoulsléierin zu Olm


Vous pouvez nous envoyer vos questions et commentaires, ainsi qu'un aperçu sur vos expériences dans ce domaine.

Schicken Sie uns Ihre Fragen, Ihren Kommentar und eine Übersicht über eigene Erfahrungen in diesem Bereich.