DECOLAP - Äppelchen 3 |
Index-Sujets |
Mir maachen e Buch
Jidfereen sollt an sénger Klass eng besonnesch Aktivitéit ausprobéieren, fir d'Sproochentwécklung vun de Kanner an eiser Spillschoulsklass ze förderen. Dat war d'Hausaufgab, déi an engem Perfectionnements-Cours jidferengem gestallt gi war, nodeems mer iwwert den Äppelchen, 1. Périodique vum Projet DECOLAP, geschwat haten.
Sou koum et zu méngem Projet: Mir maachen e Buch. D'Kanner sollte selwer Geschichten erzielen.
Fir hinnen den Ufank vun der Geschicht méi liicht ze maachen, hun ech deen éischte Saz gesot.
E Männche geet op d'Rees.
Si hun d'Geschicht " weidergesponnen ". Wéi si nët méi sou richteg virukomm sin, hun ech gesot: " An da geschitt et. " D'Kanner waren e Moment ganz erstaunt: " Wéi, wat geschitt dann? " - " Ma dat sollt dir mir erzielen. " - " A sou! " A scho goung d'Geschicht erëm weider. Eenzelne Kanner hir Fantasie war ugesprach, aner hun nach nët direkt um " Erschaffe " vun der Geschicht deelgeholl, si hu gelauschtert .... Iwwerdeems d'Kanner erzielt hun, war et méng Aufgab, d'Geschichten opzeschreiwen.
E Männchen op der Plage
E Männchen geet op d'Rees. Op d'Plage. E paakt séng Saachen aus an deet säi Schwammkostüm un. E leet d'Valise op d'Säit. E geet ënner d'Dusch. E geet schwammen. E schwëmmt bis bei e Boot. E rudert mam Boot bis op eng Insel. Do pléckt e Kokosnëss, an en huet d'Mëllech gedronk. An da geschitt et. Et kënnt e Krokodil a wëllt e friessen. E leeft séier bei d'Boot a rudert zréck. An da geschitt et. Da kënnt e Wal, dee wë de Män ofschlécken. E schléckt en of mam Boot. Da kënnt e Pirateschëff. Déi fänken de Wal. Si schneiden en op, an de Männchen as gerett. Lo kann en erëm heem ruderen. Fin. Ende.
Beim Schluss huet d'Martine gemengt, lo misst ech " Fin " schreiwen. Wéi ech ee Moment gezéckt hun, krut ech d'Wuert buschtawéiert. Déi aner Kanner hu gefrot: " A wat heescht dat dann? "
D'Martine: " Ma dat et eriwwer as. D'Geschicht as aus. "
Den Tom: " Dofir kann een awer och " Ende " soen. "
Doropshin hun ech bei all Geschicht missen " Fin " an " Ende " schreiwen.
Fir déi nächst Geschicht hun ech d'Kanner virschloe gelooss, vu wat datt si soll erzielen. D'Majhoritéit war fir eng Geschicht mat engem Päiperlék. Den Ufank as dës Kéier vun de Kanner selwer: si hun dee vun der virechter Geschicht iwwerholl.
De Päiperlék
E Päiperlék geet op d'Rees, an d'Bierger. E geet an d'Blummen Hunneg drënken.
Da sëtzt do schon eng Bei op der Blumm. D'Bei gët rosen, si wëllt de Päiperlék picken. De Päiperlék flitt fort op eng aner Blumm. Da kënnt e Villchen, dee wëllt de Päiperlék friessen. De Päiperlék flitt fort op eng aner Blumm. Da kënnt eng Kaz, déi wëllt de Päiperlék fänken. D'Kaz kritt de Päiperlék nët. De Päiperlék flitt fort a begéint en Heemelsdéierchen. Si gi Frënn. Fin. Ende.
Och eng drëtt Geschicht hun d'Kanner erzielt:
En Igel zu New York
En Igel as an der Vakanz zu New York, an en huet an engem Wolkenkratzer gewunnt. E wëllt Mëllech drënken. Et as keng méi do. E geet an de Cactus zu New York Mëllech kafen. Am Cactus si ganz vill Leit, an et as eng ganz Schlaang. E muss laang waarden, an trotzdem léisst en de klengen Hues vir. An da kënnt den Igel un d'Rei. An dann as keng Mëllech méi do, well den Hues huet déi lescht kritt. Da geet en an deen anere Cactus. Do si nach vill Këschte Mëllech. E keeft séng Mëllech, an da geet en heem. Do sëtzt de Wollef un séngem Dësch. Dee wëllt de klengen Igel friessen. Den Igel rullt sech zesummen an de Wollef kritt lauter Picken an d'Schnëss. De Wollef leeft séier fort. Den Igel laacht, an e léisst sech séng Mëllech gutt schmaachen. Fin. Ende.
Kloer erkennt een, wéi dat deeglecht Liewen (de " Cactus " , " deen anere Cactus " - cf. Biller- , ...) vun de Kanner an hir Fantasie-Geschicht matafléisst. Och hir Virstellungen zum Sozialverhalen (Hues) spigelen sech dran erëm.
Ganz wichteg war de Kanner, dass all dës Geschichten opgeschriwwe goufen. ëmmer erëm hun si nogefrot, op ech dann och alles an alles richteg opgeschriwwen hätt. Fir dat ze kontrolléieren, hun ech hinnen d'Geschicht zum Schluss virgelies. Dobäi as hinnen direkt opgefall, wann ech eppes eweggelooss oder ëmgeännert hat.
Dun huet sech d'Fro gestallt, vu wat fir enger Geschicht mer géifen e Buch maachen. Mir hun ofgestëmmt. Wien hätt et gewonnert: dee meeschte Succès hat déi Geschicht, un deer déi meeschte Kanner matgeschafft, " matgesponnen " haten: En Igel zu New York. Si si stolz op hier Aarbecht.
Ech hun d'Kanner fräi iwwer d'Geschicht mole gelooss. Dëst hat natierlech den Nodeel, datt mir hanneno nët vun all Szen aus der Geschicht e Bild haten. Eenzel Kanner hun dun verschidden Szenen " op Commande " gemoolt. Esou as eist Buch entstanen.
Schicken Sie uns Ihre Fragen, Ihren Kommentar und eine Übersicht über eigene Erfahrungen in diesem Bereich.