DECOLAP - Äppelchen 2 |
Index-Sujets |
- neue Wörter bilden,
- Wortteile umstellen,
- Reklameschilder entziffern,
- die Namen sämtlicher Familienmitglieder schreiben,
- Buchtitel abschreiben,
- witzige Sprechblasentexte behalten,
- Kleideraufschriften, Verpackungsbeschriftungen, Automarken entziffern usw.,
all diese Aktivitäten haben an Attraktivität gewonnen, seit wir uns intensiv mit unsern Namen beschäftigen.
- Anfangsbuchstaben färben und schmücken,
- Namen nachschreiben:
mit Moosgummibuchstaben,
Streichhölzern,
Buchstabenkärtchen,
Stempeln,
Magnettafelbuchstaben,
- eigenen Namen unter allen Namen der Klasse aussuchen,
- wer hat diesen Buchstaben in seinem Namen?
- unsere Namen in verschiedenen Schriftarten schreiben,
- welche Namen kannst du lesen?
- welche Buchstaben brauchst du, um zu schreiben?
- wir unterscheiden zwischen Buchstaben und Ziffern,
- wir entwerfen ein Plakat für unser Kirmesfest,
- wir schreiben eine Einladung
- zum Kirmesfest,
- zum Weihnachtsfest,
- wir schreiben und malen ein «Dankeschön» an Leute, die uns etwas geschenkt, oder uns in irgendeiner Form geholfen haben,
- wir entwerfen eine Jahreszeitenuhr, mit Jahreszeiten- und Monatsangaben,
- wir entwerfen eine Schuluhr mit Zeit- und Aufgabenangaben,
- wir lesen Kochrezepte (Yoghurtkuchen, Kartoffelpuffer),
- wir suchen Namen in Büchern/Geschichten (z. B. Maximilian),
- wir vergleichen Sprechblasentexte,
- wir lesen Aufschriften an Spielzeugschachteln.
Sicher, bis Jahresschluß kommt noch einiges zusammen. Aber mir ist aufgefallen, daß bereits jetzt, etwa Mitte des zweiten Trimesters, ein paar Kinder - nicht alle!!! - sich ab und zu allen Ernstes über Lesen und Schreiben unterhalten. Einige ihrer Gedanken hab ich versucht, mittels eines Interviews festzuhalten.
Interview am Ufank vum 2. Trimester 1996 mat noeneen zwee Kanner aus dem zwete Joër Préscolaire.
Joffer: Cathleen, kanns du mir soen, wat dat as: Schreiwen?
Cathleen:
Dat as
dat sin Buschtawen hannerteneen, an dann
kann een dat liesen.
Joffer: A wat gët dat dann?
Cathleen:
an dann kann een dat verschécken, oder
et kann een dat ofschreiwen.
Joffer: ah, a wann een dat verschéckt, wi nennt een dat?
Cathleen: Wann een denen aneren Leit et gët.
Joffer: Weess de nach, wat s de geschriwwen has, wi de Kleeschen koum hein? Wi hues de dat genannt, dat war een
Cathleen: e Bréif war dat.
Joffer: Jo. Marc, weess du och, wat dat as: Schreiwen?
Marc: Buschtawen.
Joffer: Kenns du een, dee schreift?
Marc:
Joffer: Kenns du keen, dee ka schreiwen? An du? Du awer, hein? Wi geet dat?
Cathleen:
Méng Mamm a mäi Papp schreiwen mir et, an
dann, oder heiansdo soen si mir se, den
, di Buschtawen,
an dann schreiwen ech dat op e Blat.
Joffer: Wann ech dir e Buschtaf soen, da kanns du dat schreiwen? Hei, dann huel mol dat Blat, an dann hëls de dee Bläistëft an da soen ech dir, da schreif mol MARC. Wi schreifs de dat dann elo? Wat as dat do?
Cathleen: En M [em] nët [m]
Joffer: an
Cathleen: en A.
Joffer: Ehëm
Cathleen: an dann en R [e:r] nët [r]
Joffer: jo
Cathleen: an dann en C [tse]
Joffer: Da lies dat:
Cathleen: MARC.
Joffer:
So, kanns du och eppes ganz, ganz Schwéieres schreiwen?
Kanns du SCHOUL schreiwen?
Cathleen: wénkt nee mam Kapp.
Joffer: An wann ech dir et soen?
Cathleen: wénkt jo mam Kapp.
Joffer: Da schreif emol en S [s] nët [es]
du sees S [es]. An dann, wi een kënnt dann? Hei deen do, wi een as dat?
Cathleen: En C [tse]
Joffer: Gutt. An da kënnt en...
Cathleen: en H [ha:] nët [h]
Joffer: an da kënnt en O an dann en U, an dann en wéi hält SCHOUL op?
Cathleen: schreift den L.
Joffer: gutt! Wonnerbar! 't as jo fantastesch. Kanns de och nach TICO schreiwen?
Cathleen: wénkt jo mam Kapp.
Joffer: Da schreif et. Ganz eleng? Hei kuckt emol, wat hatt kann. TICO. Do as den T [te] an da kënnt den I [i] an dann den
Cathleen: den C [tse].
Joffer: Jo! Du hues elo: TIOC geschriwwen. Wat kanns de maachen, fir datt do TICO gët? Hm. Do as TI-OC an 't as awer TI-CO.
Marc M.:
OKTOPUSS.
Joffer: Wat as dat: Oktopuss?
Marc M.: Am Waasser
Joffer: E Fësch?
Marc M.: wénkt nee.
Joffer: Eng Planz?
Marc M.: Ë, ë
Joffer: E Boot?
Marc M.: laacht.
Cathleen: 't as esou een, deen aacht Hänn huet a mat bloer Tënt dran.
Joffer: ah
en Tëntefësch
dee mat sénge
laange Schwabbeläerm doruechter gräift an all d'Kanner
hëlt
am Waasser, hein?
Kanner: laachen
Joffer: Sou, da fuer mol do weider. Wat kanns de do man? So, Cathleen, wéi kanns de dat man? TI-CO?
Cathleen: Nach en O
Joffer: Ehë, sou nach en O. Gutt! Maach deen mol dohin. An elo lies mer et. Elo steet TIOCO do. Wat kënne mer elo man, dass dat TICO gët?
Cathleen: schreift TIOOO - mécht en O aus dem C.
Joffer: TI-OOO hues de elo geschriwwen. TI-O-O-O.
Cathleen: laacht.
Joffer: An elo grad war et TIOCO. Deen do war scho gutt. TICO. Wee weess et nach?
D'Franci schreift TICO op d'Blat.
Joffer: Wat kanns du elo do liesen, Marc?
Marc: TICO.
Joffer: A wat as dann elo anescht wi do?
Cathleen: Hei as en C virdrun an do as en O.
Joffer: An do as den O an du has kuck do den C, dee
war do awer richteg, ma du has nach en O virdrun. Ganz gutt! So, wou as dann nach iwwerall geschriwwen?
Cathleen:
An de Bicher.
Joffer: An de Bicher. A wou da nach? Nit nëmmen an de Bicher.
Cathleen: Och an engem Ziedel.
Marc C.: Wat an de Këschten as.
Joffer: op de Këschten, wat an de Këschten as, 't as
alt gutt, soss misste mer jo all d'Këschten opmaachen.
Cathleen: An eise Numm
Joffer: an eise Numm. A wat nach?
Cathleen: Um Kalenner
Joffer: um Kalenner, gutt. A wat nach?
Cathleen: An do,
Joffer: Wou?
Cathleen:
do, «nët fëmmen»!
Joffer: Jo. «Hei gët nët gefëmmt» steet do. Wouhir hues du da gewosst, wat do wir?
Cathleen: Ma well do e Schëld as: «Verbueden ze fëmmen».
Kleng Ënnerbriechung, well grad e Besuch komm as.
Joffer: So, kenns du och e Buch?
Cathleen: Jo.
Joffer: Wéi eent?
Cathleen: denkt no mäi Lieblingsbuch, ma,wéi heescht dat scho méi?
Joffer: Wéi eng Geschicht as et, ech weess et vläicht?
Cathleen: 't as ee Gebuertsdag
vun engem Klengen, dee miep miep
mécht.
Joffer: imitéiert en den ë oh, ween as dat da scho méi?
Cathleen: Ma deen huet dach Gebuertsdag. Hie weess nët, wéi en Dag a wéi eng Nummer, well dee kann nach nët zielen.
Joffer: Ah, e weess guer nit, wéivill Joer dass hie kritt?
Cathleen: Nee.
Joffer: Oh, de Gebuertsdag, den Datum weess hien nit.
Cathleen: Jo.
Joffer: Majo, a wéini feiert en dann, wann en dat nit weess?
Cathleen:
Majo, den Dag, wou hien op de Kalenner gekuckt huet,
an e wousst nët, wéi en Dag e Gebuertsdag hätt,
an en hat deen Dag Gebuertsdag.
Joffer: Ween huet him et dann du gesot?
Cathleen: Dee weess dat nët, awer séng Frënn wëssen dat.
Joffer: Oh, an da kritt en eng Iwwerraschung?
Cathleen: An da geet deen an d'Stuff, an da sangen déi: Fir däi Gebuertsdag vill Gléck séngt dat ganzt Lidd.
Joffer: Dat hues de flott gesongen. So, hues du nach Bicher doheem?
Cathleen: Bal 100 Bicher.
Joffer: Bal 100
. E lauter Geschichtebicher?
Cathleen: Och fir Lidder.
Joffer: Och fir Lidder. E Gesangbuch. Hues de der och, wou Zifferen drasin?
Cathleen: wénkt neen mam Kapp.
Joffer: Hues de nëmmen ee Lieblingsbuch?
Cathleen: wénkt jo mam Kapp.
Joffer: An an der Schoul?
Cathleen: wénkt jo mam Kapp.
Joffer: A wéi eent as dat?
Cathleen: Alleguer.
Joffer: Alleguer? Dat sin der vill, hein? Wou lies de dann doheem Bicher?
Cathleen:
A méngem Bett an an der Stuff.
Joffer: Awer am léifsten am Bett. Kriss du och Geschichten erzielt?
Cathleen: Owes.
Joffer: Ween erzielt dir se dann?
Cathleen: De Papp.
Joffer: As et wouer, hei beim Marc Muller och de Papp. So wéi geet dat dann, wann ee liest?
Cathleen: Da muss een d'Buschtawen dohinner schreiwen, an da muss
een et, da 
muss ee schon an der Schoul sin, fir dat ze liesen.
Joffer: Firwat an der Schoul. An der Spillschoul?
Cathleen: Ëë, ëë, am éischte Schouljoër.
Joffer: Ma hei, lo grad hues du dat do gelies. Bas du schon am éischte Schouljoër?
Cathleen: verwonnert.
Joffer: laacht Wisou as dat méiglech?
Cathleen:
Ma méng Mamm a mäi Papp, déi léiere
mir et, da kann ech et schon, wann ech an d'éischt Schouljoër
gin.
Joffer: A wat méchs du dann nach am 1. Schouljoër, wann s de scho liese kanns?
Cathleen: Ma wann eis Joffer oder eise Léierer e Feler mécht, dann zéien ech en um Ouer, an ech soen et richteg.
Joffer: Wouhir weess de dat do, fir um Ouer ze zéien? Wou has de dat gesin?
Cathleen: An deem Buch do.
Joffer: Wéi heescht dat dann? Kanns de nach liesen, wat do steet? Freet d'Julie, wat grad derbäi koum. Wee weess nach, wéi dat do heescht, dat Buch hei?
Julie: Maximilian.
Joffer: Maximilian heescht et! 't as e Superbuch. Jo.
Cathleen: Hei de Léierer deen huet dat hun ech guer nët gëschter gekuckt, wéi méng Mamm et verzielt huet.
Joffer: Hues du et nët gekuckt? An déng Mamm huet dir et nach eng Kéier verzielt. Wéi fënnt déng Mamm et?
Cathleen: Gutt. Lies du dëst emol.
Joffer: Moritz Verlag. Frankfurt am Main steet do. Dat as, wou
d'Buch hierkënnt. Huet déng Mamm et op lëtzebuergesch

erzielt oder op däitsch?
Cathleen: Op lëtzebuergesch.
Joffer: A wann ech dir et elo op däitsch soen, da probéiers du, fir mir dat op lëtzebuergesch ze soen. Awer ech liesen et genee, wéi et hei steet. Es war einmal ein kleiner Mausejunge
Cathleen: Et war emol e klenge Mausejong...
Joffer: der Maximilian hieß.
Cathleen: en huet Maximilian geheescht.
Joffer: Immer wieder dachte er sich die unmöglichsten Sachen aus.
Cathleen:
Julie: Ëmmer denkt en sech di schwéier Saachen aus.
Joffer: Di onméiglechst Saachen, hein. Wat hat hie sech scho méi geduecht, Julie?
Julie: Dass en, dass en, dass en di Grouss ëmmer de Kanner musse follechen an di Kleng nët ëmmer deene Groussen.
Joffer: Jo. An an der éischt huet en emol gesot elo gin ech...
Julie: Zauberer.
Joffer: A wéi huet en dat dann du gemat?
Cathleen: En huet an engem Buch gelies.
Joffer: An engem Buch huet en dat gelies.
Cathleen: E musst 100 Bicher liesen, fir dat ze fannen.
Joffer:
100 Bicher huet e musse liesen. Awer an der éischt
huet en geléiert liesen. Duefir. Julie, weess du, wéi
dat geet, wéi ee léiert liesen?
Julie: Ë Nee.
Cathleen: Dach, am éischte Schouljoër bis en am leschte Schouljoer war, da kann ee richteg liesen. A schreiwen.
Joffer: Da kann een nit nëmmen Däitsch liesen.
Cathleen: Sondern och Italienesch.
Joffer: Mengs de, du léiers Italienesch an der Primärschoul?
Cathleen: Jo.
Joffer: A
wat nach?
Cathleen: A Franséisch, an nach aner Sproochen, déi een nët kann.
Joffer: Wee weess der nach? Wéi eng Sproochen gët et da nach?
Julie: Chinesesch, Englesch.
Joffer: Gutt, wéi eng nach?
Julie: Spuenesch.
Joffer: Gutt, natierlech, Spuenesch, a wéi eng nach?
Julie: Belschesch.
Joffer: Belsch, déi schwätzen zwar och Franséisch. An da gët et nach 't as no bei der Belsch, do gët et nach e Land Lëtzebuerg Belsch Frankräich
Cathleen: Deutschland
Joffer: Däitschland
; Ma Däitsch,
an,
wéi schwätzt d'Magda?
Cathleen: Polnesch!
Joffer: Polnesch
Julie: Kroatesch.
Joffer: Gutt, Kroatesch schwätzt den Zuono, a wéi schwätzt d'Franci?
Julie a Cathleen: Italienesch.
Joffer: Italienesch.
Julie: An de Jeff Franséisch.
Joffer: An de Jeff Franséisch, an
Cathleen: a méng Cousine Däitsch.
Joffer: Wunnt hat an Däitschland?
Cathleen: Nee an der Belsch, mee hat kann Däitsch.
Joffer: An du kanns och Däitsch?
Julie:
Joffer,
so Joffer, ech war eng Kéier a Spuenien
an d'Vakanz, du hun ech do eng Frëndin krut, déi heescht
Korinna, nët Gorilla, mee Korinna, an hat wunnt an Däitschland,
well hat schwätzt Däitsch. Ech kann och Däitsch.
Joffer:
Jo, ech weess, dass du Däitsch kanns, du kanns esouguer
ganz gutt Däitsch. Du erziels heiansdo op Däitsch.
Julie: An do huet en gezaubert.
Cathleen: Haut well ech nët an d'Schoul goen.
Joffer: Jo, sou seet en. Hei. Als erstes will ich heute nicht in die Schule gehen.
Cathleen: Haut wëll ech als éischt nët an d'Schoul goen.
Joffer: An du huet en zu sénger Mamm gesot: Dann soll mir Mama zu Mittag und zu Abend nur noch Pfannkuchen backen.
Cathleen: Da soll d'Mamma mir jhust nach moies a mëttes an owes Paangech kachen.
Joffer: Ausserdem will ich, dass ihr mir das schnellste Auto der Welt kauft. Rot soll es sein.
Cathleen: Dir sollt mir de schnellsten Auto kafen vun der Welt, an e soll rout sin.
Joffer: Jo. A wat soen d'Elteren?
Julie: Jo, Maximilian. Jo, dee schnellsten vun der ganzer Welt. An e sollt rout sin!
Joffer: laacht an da seet de Maximilian: Ja! sagte Maximilian. So will ich das. Und so muss es sein.
Julie: Jo. Sou wëll ech dat. An esou muss et sin.
Joffer a Kanner laachen.
Cathleen: Lo muss du dat awer liesen.
Joffer: Soll ech dat elo liesen? OK: wéi geet dat, Julie, wann ech elo liesen? Wat maachen ech dann? Kuck! Wat man ech, fir dass et geet? Fir dass ech ka liesen?
Julie: Du kucks d'Buschtawen.
Joffer: Geet dat dur, wann ech se nëmmen , hei du kanns se jo och kucken. Kuck emol. Kuck du emol, ob dat geet?
Franci: kënnt derbäi. och liesen.
Joffer: Och liesen. Wéi geet dat dann, Franci?
Cathleen: Du muss scho liese kënnen. Du schreifs, an da muss
de kucken, an dann,
wenn s de sees Buschtaf A, an dann méchs
de deen fort, an da sin nëmmen nach déi
sou
muss de dat richtegt Wuert soen.
Joffer: Mengs du, ech muss einfach déi, déi ech scho gelies hun, ewech loossen!
Cathleen: Wann s de dat nach nët gutt kanns.
Julie: Hei, ech probéieren mol eng Kéier.
Joffer: OK. 't si bestëmmt do Buschtawen dran, déi s du scho kenns, hei, Julie, do, kuck emol, do déi Buschtawen, déi s du scho kenns, hei weis mer mol déi.
Julie: D I E [de],[i], [e]
Joffer: Jo! Jo! Dat as richteg. 't as en D [de], en I [i], an en E [e]. Wouhir weess du dat dann elo?
Julie: Well ech d'Buschtawen geléiert hun.
Joffer: Wou hues du déi da geléiert?
Julie: Am Bussi-Bär-Buch
.
Joffer: An du, Julie?
Julie: Ech och.
Joffer: Wat? Da lies dat emol: die
Julie: ëë...
Joffer: L [l], dat as e schwéiert Wuert, Leute steet do. Dat do kanns de awer bestëmmt liesen. Do steet: lies emol!
Julie: Ëë Ü.
Joffer: Jo.
Julie: Deen do kennen ech nach nët.
Joffer: En N [n] an en D [de] UND.
Franci: HUND.
Joffer: HUND. Laacht. HUND. Hei dat schreift een esou. D'selwecht wéi UND jhust mat engem
Cathleen: HUND.
Joffer: Wat as dann elo anescht?
Cathleen: Mat engem U.
Joffer: Jo, a wat as dat do? weist H.
Cathleen: Mat engem H [ha:]
.
Joffer: Richteg!
Julie: En Hack.
Joffer: En H [he]. Kuck, sou as et UND an sou as et HUND. Hei, 't gët nach eppes, wat een esou ka schreiwen. Weist de Mond.
Julie: MOND.
Franci: HOND.
Joffer: Majo, HOND, MOND. A wéi heescht dat dann op däitsch?
Julie: HUND, MUND.
Joffer: HUND, MUND, a wat has de nach gesot?
Franci: HOND.
Joffer: HOND a MOND, jo.
So Julie, hues du der och, déi gär Geschichten erzielen, doheem?
Julie: Méng Mama oder mäi Papa oder mäi Brudder.
Joffer: Och däi Brudder? So, du hues e grousse Brudder, dee ka gutt liesen.
Julie: 14 Joër huet deen.
Joffer: A wou erzielt deen dir da Geschichten?
Julie: Bei méngem
Bett.
Joffer: Wéi mécht hien dat? Hëlt hien e Buch, oder erzielt en se sou?
Julie: Hien hëlt e Buch.
Joffer: Hues du e Lieblingsbuch?
Julie:
Ehëm. Dat as e rosat. Do maachen se elauter Dommheeten
dran. Weess de, de Kratzi dat as eng Kaz, de Kratzi mécht
de Staubsauger un, an de Staubsauger fiert esou séier,
dass de Kratzi séng Box verléiert.
Joffer: laacht.
A weess de och, wéi dat heescht, dat Buch?
Julie: Ehëm. Dat heescht Dommheetebuch.
Joffer: Hues du an der Schoul och e Lieblingsbuch?
Julie: Ehëm. Dat.
Joffer: Dat hei? Fënns de dat gutt?
Cathleen: Weess de, wéivill ech hun? Ech hun all Bicher vun der Schoul gäer.
Joffer: Jo? Hues de vill Bicher doheem?
Cathleen: Ech hun nach méi Bicher wéi 100. Zwou Këschten voller Bicher.
Joffer: Wou stin déi dann?
Cathleen: Uewen a méngem Zëmmer, eng ganz voll, an ënnen an der Stuff nach eng.
Julie: Ech hun op ménger Stellage eng ganz Säit voll Bicher.
Danielle Noesen
Vorschullehrerin in Nospelt


Handlung * Sinn * storying

Zone der nächsten Entwicklung

Interaktion * Dialog

Metasprache

Medien

Valorisation

Kreativität
Vous pouvez nous envoyer vos questions et commentaires, ainsi qu'un aperçu sur vos expériences dans ce domaine.
Schicken Sie uns Ihre Fragen, Ihren Kommentar und eine Übersicht über eigene Erfahrungen in diesem Bereich.