DECOLAP - Äppelchen 3 |
Index-Sujets |
Im Februar dieses Jahres haben Studentinnen des I.S.E.R.P. Kinder aus
der Vorschule interviewt zum Thema " Der Übergang vom Kindergarten
zur Primärschule: Wie stellt ihr euch die Primärschule vor? "
Die Interviews wurden in den Schulen durchgeführt. Um die Transkriptionen
zu erleichtern, wurden die Kinder in Kleingruppen bis zu höchstens
fünf Kindern unterteilt. Diese Gruppen wurden nacheinander interviewt.
Im folgenden Ausschnitte aus den Befragungen.
Alle Kinder freuen sich, ins erste Schuljahr einzutreten. Sie gehören dann zu den Großen. Sie lernen lesen, schreiben und rechnen. Ihr Wissen wächst.
Studentin:
Frees du dech dann, fir an d'éischt Schouljoër?
Andy:
(wénkt "Jo" mam Kapp.)
Studentin:
Jo? Firwat dann, Andy?
Andy:
Do kann een ëmmer esou wéi di Grouss do maachen.
Studentin:
Wat maachen déi Grouss dann do?
Brigitte:
Si léieren.
Andy:
Schreiwen
Brigitte:
Si schreiwen, si maache Rechnungen ...
Sven:
...an Nummero
Brigitte:
Nummero, nee, dat nët.
Ronny:
Nee, awer nët spillen.
Brigitte:
Oder eppes molen oder eppes bastelen.
Sven:
Méng Mamm an ech, déi schreiwen ëmmer Zifferen.
Ronny:
Ech awer nët.
Sven:
Ech awer.
Studentin:
Wat géift dir dann am éischte Schouljoër am léifste
maache vun deene Saachen do, déi der elo gesot hut?
Sven:
Ech géif léiwer schreiwen.
Brigitte:
Ech wëll rechnen.
Studentin:
An du, Andy?
Andy:
Ech wëll och schreiwen.
Ronny:
Ech wëll och schreiwen.
Groß werden ist eng verknüpft mit lesen und schreiben und rechnen können. Einige Kinder sehen sich bereits gut gerüstet für die neuen Aufgaben, die im ersten Schuljahr auf sie zukommen,wie Sven im vorigen Gesprächsausschnitt und wie Cathleen und Julie im folgenden:
Studentin:
Freet dir iech op d'éischt Schouljoër?
Julie:
Jo.
Franchie:
Jo, jo.
Cathleen:
Jo, ech och, well ech ka schons am guttste rechnen vun eis Groussen.
Julie:
Ech kann och schon richteg rechnen. Gell, wa véier vir steet
an dräi hannen, an ... und ... dobannen dran as, dann ... dann as
et am Ganzen ... véier an dräi ... dat gët aacht.
Groß werden, lesen und schreiben lernen, immer mehr wissen: unbegrenzte Möglichkeiten eröffnen sich. Für Denis eröffnen sie sich im Bereich des Lesens, Christian ist viel radikaler - und noch sehr optimistisch in bezug auf Fehler:
Studentin:
A firwat musst der dann do schreiwen a léieren a liesen?
Denis:
Well mir si jo déi Grouss.
Studentin:
Aha, as dat da wichteg?
Christian:
Fir di Grouss as dat wichteg.
Denis:
Da kënne mer alles liesen.
Christian:
Da wësse mer och alles. Dann hu mer alles mat Null Feler.
Die Großen unterscheiden sich von den Kleinen auch durch andere
Verhaltensmerkmale:
Sven:
Wann een de Fanger weist, seet de Schoulmeeschter: "Ja?"
- " Ech muss op d'Toilett." Da geet een.
Brigitte:
Déi Grouss weisen esou de Fanger. Sou weisen si de Fanger.
Andy:
Nee, esou.
Brigitte:
Esou? Nee, esou.
Andy:
Esou.
Brigitte:
Jo, esou.
Ronny:
't as esou.
Der wesentliche Unterschied zwischen Spielschule und Primärschule ist der, daß hier gespielt und dort gelernt wird - wie könnte es auch anders sein?
Denis:
An der Spillschoul, do muss ee spillen, an an der grousser Schoul däerf
een nët spillen.
Christian:
Do kann ee schreiwen a liesen.
Spielen darf man dort höchstens noch während der Pause:
Studentin:
Natascha, mengst de, et kéint een do och spillen?
Natascha:
Nee.
Daniel:
Dach, an der Paus. ... An der Primärschoul an der Paus, kann ee
maache, wat ee wëllt.
Melodie:
Nee. Nët schloen.
Daniel:
Dach.
Mike:
Dach.
Daniel:
Dach, et kann een och schloen.
Spielen und Lernen schließen sich gegenseitig aus. Es besteht kein Zweifel, daß Lernen mit Anstrengung verbunden ist, daß schwierige Aufgaben zu lösen sind. Aber eine solche Arbeit tun zu dürfen, ist eine Auszeichnung:
Studentin:
Wat as d'éischt Schouljoër?
Maxime:
Dat as eng Schoul. Si as e bësse méi héich, gell.
... An do si lauter Grousser, an déi schreiwen.
Jill:
Wann se gutt schreiwen, an et as nach Zäit, vläicht kënnen
se dann nach an d'Paus. A wa keng Zäit mëi as, da mussen
se hir Aufgab kréien, a si mussen d'Jackett undoen, Mutz undoen
an dann heem goen.
Mike:
Dann däerf een nët méi spillen. Et däerf een
nëmmen nach eppes mat an d'Schoul huelen fir an der Paus.
Studentin:
Dierf een jhust nach an der Paus spillen?
Mike:
Jo.
Studentin:
A wat man se de Rescht vun der Zäit?
Mike:
Schreiwen an Aufgaben.
Jill:
A Rechnen.
Studentin:
Wat as nach anescht hei wéi do uewen?
Jill:
Hei däerf ee nach spillen. An do uewen däerf een dat nët
méi, et muss een direkt schreiwen.
Maxime:
Ech weess och nach eppes. Et muss een direkt schreiwen, an herno ...
gi se an d'Paus, gell, all déi gudd fäerdeg sin. Dann
däerfen se iessen. Di Grouss däerfe net spillen.
Jill:
An di Kleng dierfen.
Studentin:
Freet dir iech op d'éischt Schouljoër?
Jill:
Jo, well et do méi schwéier Aufgabe gin.
Mike:
Jo, well do muss ee schreiwen. An do däerf een nëmme spillen,
wann een an d'Paus geet. Dann iesst een eppes, an dann däerf
een nees direkt schreiwen.
Lesen, Schreiben, Rechnen: was heißt das in den konkreten Einzelheiten?
Melodie:
Rechnen, dat hun ech gäer.
Mike:
An Däitsch léiere schwätzen.
Melodie:
Franséisch.
Daniel:
An am zweete Primärschoulsjoër muss ee Franséisch
an Däitsch.
Studentin:
Aha, jo, et léiert een nei Sproochen.
Daniel:
Am drëtte muss een ...
Mike:
...Portugisesch schwätzen.
Melodie:
Nee.
Daniel:
An do muss een Übunge maachen. A propper schreiwen.
Kinder, die ältere Geschwister haben, wissen besser, was in der Primärschule zu tun ist:
Nadia:
Do liest den Daniel och: " Mama ist im Haus." Méng
Schwéster hat eng Kéier ... schriwwen ... an do hat den Daniel
gelies: " Daniel muß ins Bett".
Studentin:
A wat schreift een dann am éischte Schouljoër?
Christian:
" Tim und Tam " ... an da weess ech
nët méi.
Wenn man jedoch einen Bruder hat, der bereits Lateinschüler ist, kann das zu falschen Vorstellungen führen:
Pit:
Da kënnt de Schoulmeeschter mar de moien, hält en e Buch op,
wou Latäin dran as ... seet en am Buch alles, wat der musst schreiwen:
" Dat an dat. A wann der dat nët geschriwwen huet, dann ... "
Gell
Joffer, wann ee Latäin mécht, muss een ëmmer léieren,
all Dag.
Studentin:
Am éischte Schouljoër maacht dir awer nach kee Latäin.
Dat kënnt réischt am Lycée.
Pit:
Jo.
Weshalb soll man lesen und schreiben und rechnen lernen? Die Kinder sehen es vor allem in Verbindung mit praktischen Lebensdingen:
Studentin:
Firwat mengt dir dann, dat ee muss schreiwe léieren?
Daniel:
Well soss kann een a séngem Liewen nët ganz vill schr... lie...schreiwen.
Mike:
Wann ee muss eppes opschreiwen, oder wann een engem et seet, an dann huet
deen et vergiess, an heen huet keen Ziedel mat, në?
Studentin:
Firwat muss een dann iwerhaapt léieren?
Jill:
Well een an der grousser Schoul as.
Tania:
Wann zwou Schelle bei der Dir sin, da kann een nët liesen, op wat
fir eng ee soll drécken.
Studentin:
A firwat muss een da kënne schreiwen?
Sven:
Ma wann ee wëllt e Bréif schécken.
Studentin:
A firwat muss een da rechne kënnen?
Cynthia:
Da kritt ee keng Strof.
Jill:
Wann ee Fehler huet, da muss ee Strofe schreiwen oder Stricher.
Sven:
Well da kann een och heiansdo Schoulmeeschter gin, a da kann een deene
weisen, wéi gerechent gët.
Ganz vereinzelt gibt es Kinder, die Lesen und Schreiben mit der Welt der Bücher in Verbindung bringen, von der sie schon jetzt, wie Pascale, fasziniert sind:
Pascale:
Ech freë méch, well da kann ech endlech liesen. Ech hu souvill
Bicher do, an ech kann iwwerhaapt nach nët liesen. An da kann ee schreiwen.
Studentin:
A firwat as schreiwe wichteg?
Pascale:
Wann een engem eppes muss schreiwen, da kann een dat selwer schreiwen.
Schreiben und Rechnen sind jedoch auch mit Bestrafung asoziiert, wie bei Cynthia und Jill im obigen Ausschnitt, oder mit dem Zorn des Lehrers, wie im folgenden:
Studentin:
Firwat musst dir dann iwwerhaapt léieren?
Ronny:
Well de Schoumeeschter soss rose gët.
Brigitte:
Soss jäitzen si.
Studentin:
Firwaat muss een dann iwwerhaapt léieren ze liesen an ze rechnen?
Ronny:
Well mir e Schoulmeeschter hun, do musse mir rechnen.
Studentin:
Jo, mee, firwat muss du dann herno, wann s du grouss bas, kënne rechnen?
Sven:
Jo, well dat as jo esou ëmmer.
Brigitte:
Well soss ...
Sven:
Well soss gët de Schoulmeeschter rosen.
Überhaupt gibt es eine ganze Reihe von Dingen, die man in der Primärschule nicht tun darf:
Catarina:
Däerf ee keng Dommheete man, soss kënnt een an den Eck.
Christian:
Wann ee Kaméid ... wann ee babbelt, kënnt een och an den Eck.
Denis:
Et däerf een nët räpsen an der Schoul.
Christian:
An och nët jäitzen, an och nët molen.
Die Strafen scheinen in den Vorstellungen der Kinder ein wesentliches Merkmal der Primärschule zu sein. Auch hierin wird ein Unterschied zur Vorschule gesehen. In allen Interviews wissen die Kinder viel darüber zu berichten. Manche Gespräche drehen sich fast nur um dieses Thema. Hier einige Ausschnitte.
Studentin:
Wat as dann anescht hei wéi an der grousser Schoul?
Pascale:
Do huet ee keng Dëscher, do huet een esou eppes, wou een eleng drop
sëtzt, an et dierf een nët op deem anere säint kucken.
Max:
Dat as eng Bänk.
Pascale:
An et kritt ee Strofen.
Gilles:
Do as eng riiseg grouss Fënster. An dëi eng Strof kréien,
an déi nët gefollegt hun, déi musse bei d'Joffer
kommen.
Sven:
Do as och nach eppes anescht: wann een eppes mécht, wat een nët
däerf, da muss een och heiansdo doheem eng Strof schreiwen.
Jill:
Wann een eng Strof huet, da muss een erëm eppes léieren, oder
Stricher kritt een.
Tiago:
Wann si e Kand wéidoen, wann si e Kand wéigedoen huet, da
muss, da muss si ganz vill schreiwen.
Diane:
An däer grousser Schoul däerf ee guer keng Dommheete maachen,
well soss kann een ... well soss weess ee nët ... herno huet de Schoulmeeschter
eppes geschriwwen, an déi aner Kanner hun nët nogelauschtert,
an da geet dat dem Schloulmeeschter gläich op de Wecker an dann ...
Pit:
...gët ee mam Ouer gezunn.
Diane:
Jo. An da gët e ganz rosen, an da seet en: " Ooh Kanner! Ech
muss iech emol den Tutes klappen, fir dat dir mol endlech follegt."
Anouk:
Do muss ee roueg sëtze bleiwen a léieren. Do däerf een
nët méi spillen.
Diane:
Do muss een ... do kritt een all Woch e klengt Buch, an da seet de Schoulmeeschter
oder d'Joffer: " Hei, elo schreift dir, wat ech un d'Tafel
schreiwen, a wann dir dat nët schreiwt, da soen ech dat ... da ruffen
ech heem un bei äer Mamm, an da soen ech daat alles, dass dir alles
falsch schreiwt. An da kritt dir gutt doheem gejaut."
Die Liste der bestrafungswürdigen Verfehlungen ist lang. Drückt sich hier echte Angst aus oder die Lust an dem prickelnden Gefühl, das mit Gruselgeschichten verbunden ist? Oder sind das gar keine Erfindungen, die die Großen den Vorschulkindern da auftischen? Einige Kinder wissen von Sitzenbleiben, Rückversetzung und Schulausschluß zu berichten:
Pit:
Wa mir duerchfalen, da gi mer nees an déi aner Klass.
Tiago:
Wann si schwätzen, da muss si ..., dann as den Här Lehrer rosen,
da muss si ..., a wann si kräischen, da muss si an d'Spillschoul
goen.
Catarina:
Wann een alles falsch mécht, da kënnt een an eng aner Schoul.
Die Primärschule eröffnet die faszinierende Perspektive,
durch Lernen erwachsen zu werden. Aber in die frohe Erwartung mischt sich
auch Beklemmendes. Die Kinder sehen die Zwänge, Einschränkungen,
ja Bedrohungen, denen sie ausgesetzt sein werden. Käme ein Erwachsener
daher mit der Rede von der Entfaltung der Persönlichkeit als oberstes
Ziel der Schule
- sie würden ihm sicher nicht glauben. Sie würden auch mit Skepsis
auf die DECOLAP-Philosophie über die Sprache und deren Entwicklung
reagieren.
Wie sagt doch Sven? "Wann ee léiert, muss ee nët schwätzen. Well muss een ëmmer de Mond zouhalen, wann ee léiert."
Die Interviews wurden durchgeführt von Monique Anen, Monique Becker, Carole Didier,Isabelle Freres, Sandy Heinericy, Fabienne Heinz und Sandra Klein.
Paul DUMONT
Ausbilder am I.S.E.R.P.
Schicken Sie uns Ihre Fragen, Ihren Kommentar und eine Übersicht über eigene Erfahrungen in diesem Bereich.