Nationale Commemoratiounsdag
„Nationale Commemoratiounsdag an der Stad“, esou ass den Titel vum RTL-Artikel vum 19. Oktober 2025 (Nationale Commemoratiounsdag RTL). Begrëffer wéi Resistenz, Personenstandsaufnahme, Zwangsrekrutéieren an Deportatioun goufen erkläert, diskutéiert an an de Kader vum 21. Joerhonnert gesat.
D’Kanner aus dem Cycle 4 hunn den RTL-Reportage, den Artikel souwéi Zäitdokumenter analyséiert an am Krees diskutéiert.
Ganz besonnech an dëser Woch vun der Demokratie (Woche der Demokratie) an am Zesummenhang mat de vertruedenen Wäerter wéi Fräiheet a Fridden, dierfen esou Témoignagen wéi dee vum Josy Goerres net vergiess ginn.
„Nous decidâmes de commencer par des actions locales, plus ou moins individuelles, contre ce soi-disant nouvel ordre, par exemple: publication et lancement de tracts, photos et insignes de Madame la Grande-Duchesse et du Prince Héritier, du pays et du blason luxembourgeois, diffusion de nouvelles captées à la radio de Londres.“ (Aperçu historique, 25.04.1960 – 50 Faces 50 Stories (50Faces.lu)).
0 Kommentare