Summerfest
Gëschter war eist Summerfest mat vollem Programm. Dëst Joer haten d’Kannervertrieder e Stand an d’Ateliers communs hunn hir Aarbechte vum ganze Schouljoer ausgestallt a visites guidées vun eisem Holzatelier an Schoulgaart organiséiert. D’Chorale huet Lidder virgesongen an et goufen och zwee Dänz gewisen. Et war nees ee schéine Moment zesummen an elo freeë mir eis all op d’Kolonie.
Stëmme vun de Kanner:
Thélio: Ech konnt hëllefe beim Holzstand an ech hu lauter Saache bei der Tombola gewonnen.
Chano: Mir hunn d’Optrëtter gutt gefall.
Leila: Mir huet et gefall, mam Roboter ze spillen, awer en huet net dat gemaach, wat ech wollt. Et war witzeg.
Zenos: Mir huet gefall, datt ech bei der Chorale matsange konnt.
Luna: Ech danzen a beweege mäi Kierper gär. Et war schéin, virun deenen aneren ze danzen.
Bruno: D’Presentatioune ware schéin, an ech hu gär mat de Kanner gespillt.
Mila: Et war schéin, well ech war an der Chorale, a wéi et fäerdeg war, war ech ganz stolz op mech.
Stéphane: Et war cool, well déi Kanner, déi elo am Lycée sinn, mat eis gespillt hunn.
Chiara: Et war schéin, dass d’Chorale virgesongen huet an dass ech matgedanzt hunn.
Francisco: Et war schéin d’Kristaller aus dem Experimenter Atelier ze kucken
Ema: Et war schéin ze danzen.