Das englische Buch mit dem Titel A Book of One's Own - Developing Literacy
Through Making Books 1 war der eigentliche
Auslöser. Es inspirierte mich, machte mir Mut, eines Tages vor meine
Kindergruppe zu treten mit der Bitte, mir doch eine Geschichte zu erzählen,
die ich aufschreiben wollte! Ein Produkt, welches in dieser Form noch nicht
existierte und das Eigentum eben dieser bestimmten Kindergruppe sein sollte.
"Everyone understands better in a story"
beteuerte Vivian Gussin Paley
in ihrem
Vortrag am 11. März 1997 in Luxemburg-Walferdingen.
Meine Kinder überraschen mich öfters mit einer Geschichte, die sie mir
oder ihren Kameraden spontan erzählen. Neu war nur dass die Sproochejoffer
ihre Erzählung diesmal sorgfältig notierte.
Später wurde ihr Bericht in Szenen unterteilt, von den Kindern illustriert
und in Buchform gebracht. Im Laufe der Monate entstanden so unsere selbstgemachten
Geschichtenbücher, die in einer speziell dafür bestimmten Kiste allen
Kindern jederzeit zur Verfügung stehen.
Nicht selten kommt es vor, dass ein Kind ein solches Buch hervorkramt,
es durchblättert und seinen Mitschülern "vorlesen" möchte oder mich
darum bittet. Manchmal beginnt dieser Vortrag mit folgendem Ausruf: "Esou. elo sin ech
d'Joffer!" Meistens nimmt das Kind Platz in meinem großen Schreibtischstuhl und
interpretiert frei aus seiner persönlichen Erinnerung,
in Anlehnung an das Buch. Man orientiert sich an den eigenen
Illustrationen und an einzelnen wiedererkannten Wörtern.
Immer finden sich einige eifrige Zuschauer und Miterzähler. So entsteht ein neuer
Erzählprozess. Solche Dokumente haben ihre Wichtigkeit indem sie unsere Arbeit von
gestern reflektieren und unsere Tätigkeit von morgen beeinflussen. Dieses
Zurückgreifen auf die eigenen Produkte war schon öfters der Auslöser zu
einer neuen Geschichte. Warum sollte nicht ein solches Buch vielleicht einmal als
Filmvorlage dienen?
Eines Tages. kurz vor den Osterferien, erarbeitete ich mit einer
Kindergruppe aus der Vorschulklasse meiner Kollegin Brigitte Stammet
folgende Geschichte:
|
D'Geschicht vum Draach
oder Wéi Kanner an en Draach Frënn gi sin |
Do war en Draach eng Kéier iwwert d'ganz Welt geflunn. Hien huet vun ënne bis uewen
d'Haiser gekuckt. An do huet en d'Kanner gesin. Dei hun am Schnéi gespillt an e
Schnéimann gebaut. Do war hien erofgeflunn.
Dann hun d'Kanner gemengt hie wär béiss an si si séier fortgelaf. Den Draach war awer
léif mat de Kanner Hie weist säi Feier nëmmen. D'Kanner gin heem Waasser sichen. Si
iessen vill a gi ganz grouss (staark). D'Kanner man d'Feier aus mam Waasser. Den Draach kraïscht,
awer hien huet nach Feier am Mond, awer hie gët ganz kleng! An dun huelen d'Kanner dee klengen Draach a
leen en doheem an d'Bett.
D' Kanner gin dem Draach ze drénken an ze iessen. D'Kanner si frou. D'Kanner gin och an d'Bett,
well et gët däischter dobaussen. Den Draach huet elo kee Feier méi, well hien huet gedronk a giess!
Da kommen dem Draach séng Kollegen (aner Draachen) a si spillen zesumme mat de Kanner. D'Kanner si frou.
Fanny - Karen - Fabio - Andy - Mirza - David - Scotty – Liliana
|
D'Geschicht vum Draach
oder Wéi Kanner an en Draach Frënn gi sin |
Joffer: Ech schreiwen op ...! Elo geet et lass!
Scotty: Vum Draach!
All : Vum Draach !
Scotty. Do war en Draach iwwert d'ganzt Land geflunn.
Karen: Jo!
Joffer. Da schreiwen ech dat!
Mirza: Deen huet d'Welt gesin! Den Draach huet d'Welt gekuckt vun ënnen.
Joffer. Wann e geflunn as, huet en d'Welt gekuckt vun ...?
Mirza: Uewen!
Scotty: Do war den Draach eng Kéier iwwert d'ganz Welt geflunn!
Andy: Dat hate mer schon eng Kéier!
Joffer schreift op a widderhëlt:
Do huet en d'ganz Welt gesin ...
Kanner jäizen: Gutt, gutt!
Mirza: Do huet en vun ënnen bis uewen d'Heiser gekuckt.
Karen: ...a Kanner!
Andy: An do huet e nach Schnéi gesin - d'Kanner déi hun am Schnéi gespillt an e
Schnéimann gebaut.
D'Joffer schreift op a widderhëlt all Saz haart iwwert dem Nidderschreiwen. Vun Zäit zu
Zäit gët erëm d'Geschicht vun Ufank u widderholl D'Joffer liest de Kanner ëmmer
erëm dat vir, wat si geschriwwen huet.
Mirza: An dun huet en geflitt!
Joffer: Fanny, soll ech dat schreiwen?
Karen: Neen, en huet e Villche gesin!
Joffer: Liliana?
Mirza: Hien huet e Monster gesin!
Karen: A jo. Jo, jo.
Andy: Neen! .
Joffer. Soll ech eppes vum Monster schreiwen oder nët? Wat mengs du, Liliana?
D'Liliana seet näischt.
Joffer freet d'Kanner der Rei no:
Liliana? Mirza? Karen? Scotty? Fanny? Andy? Fabio?
Kanner eenegen sech schliisslech op:
Kee Monster.
Fabio: Do war hien erofgeflunn.
Kanner: Jo, jo!
Karen: D'Kanner hu gefaart!
Mirza: Si si schnell fortgelaf.
Andy: Hie war léif mat de Kanner!
... Hie war nët léif mat de Kanner!.
Joffer: War hie léif mat de Kanner oder nët léif?
Kanner: Dach, dach!
Mirza: Hie war béiss ... déi Kanner hate gemengt, hie war béiss. D'Kanner si schnell fortgelaf.
Joffer: Soll ech dat schreiwe, Scotty?
Karen: Neen!
Andy: Neen!
Scotty: Neen!
Mirza: Dach! Jo!
Joffer: Mirza, verhal der déng Iddi, mer lauschteren nach, wat déi aner soen!
D'Kanner soen awer elo näischt méi.
Andy: Den Draach war awer léif mat de Kanner. Hie weist säi Feier nëmmen.
Joffer widderhëlt nach eemol dee leschten Deel a freet:
Wat maachen d'Kanner dann elo? Wat mécht den Draach?
Mirza: Feier!Karen: Déi weisen den Draach!
Fabio: Schnéimännchen !
Mirza: Kee Schnéimännchen!
Joffer: Scotty, wéi solle mer schreiwen?
Scotty: Hie weist Feier!. Hir war nët béiss!
Fabio: Si lafe séier fort, heem!
Mirza: Si hu gemengt, hie wëll se verbrennen.
Fanny: Neen !
Liliana: Dach!
Mirza: Dach!
Andy: Si gin op d'Säit!
Joffer: Ok, dat schreiwen ech!
Andy: Da gi si erëm zréck an hiirt Haus!
Karen: Si gi heem Waasser sichen a man d'Feier aus ...!
Mirza: Neen - Neen!
Kanner jäizen all:
Dach, dach!
Joffer widderhëlt:Si gi Waasser sichen a schreift.
Mirza: Neen, hie kräischt … well hien huet kee Feier méi!
Joffer: Mer huelen dem Mirza séng Iddi a soen - den Draach kräischt - dann
huele mer dem Andy séng Iddi a schreiwen - d'Kanner gin heem an iesse vill - si gi ganz
grouss a staarkKaren: … a si gi Waasser sichen … man de Feier aus.
Joffer: Sid der domat d’accord?
Kanner an der Majoritéit:Jo,jo!
Mirza: D'Kanner iesse vill a gin ëmmer méi grouss!
Karen: Hien huet nach Feier awer hie gët ganz kleng.
Mirza: Esou kleng! - weist mat den Hänn.
D'Joffer widderhëlt a schreift op.
Andy: Hie gët e klenge Baby, a si leen en dann an d'Bett.
Joffer: Ah, solle mer dat schreiwen?
Kanner: Jo, jo, jo ...! .
D’Joffer erzielt d’Geschicht nach eemol vun Ufank un!
Fabio: An dann huelen d'Kanner de klengen Draach an si leen en an d'Bett an de Kanner si frou.
Andy: Si gin him ze drénken ...
Karen: An ze iessen!
Joffer: An dun? Wat sees du, Fanny?
Fanny: Kollegen!
Joffer: Schreiwe mer dat, Scotty?
Mirza an Andy: Jo, jo!
Karen a Liliana: Kollegen! Kollegen! Jo!
Fabio: D'Kanner si frou!
Andy: D'Kanner gin och an d'Bett, well et gët däischter.
Karen: Wëll hie gedronk, huet, huet e kee Feier méi!
D'Kanner sin d'accord.
Joffer: Bleift den Draach elo bei de Kanner?
Mirza: Neen, bei séng Mamm!
Joffer: Versuerg déng lddi, vergiess se nët!
Karen: Hie geet bei d'Kanner ... bei séng Mamma ...erëm bei d'Kanner ...
bei séng Mamma ...
Mirza spréngt vum Stull op:
Jooooo!
Joffer: Andy, an du ... ? .
Andy: Hie bleift de ganzen Dag bei de Kanner.
Mirza: Jo, jo!
Scotty: Den Draach wëll ëmmer bei de Kanner sin.
Joffer freet d'Liliana an d'Fanny:
Sot mer, wat ech schreiwe soll!
Fanny: Hie geet bei d'Kanner an och bei séng Mamma!
Andy: Da kommen dem Draach séng Kollegen ! Du muss nët esou haart jäizen, Mirza!
Karen: An derno héiere mer nët gutt! Wann s du esou jäizt!
Karen: Weess du wat, lo kommen d'Kollegen ...

D'Joffer notéiert a liest, wat si schreift.
Andy: Da komme séng Kollegen, a si spillen mat de Kanner.
Joffer: As d'Geschicht elo fäerdeg?
Kanner: Jo, jo, jo!
Fanny: Nach eisen Numm schreiwen!
D'Kanner diktéieren all der Joffer hiren Numm.
Andy: Ech gin elo der Joffer Brigitte d'Blat, fir d'Geschicht ze liesen!
Karen: Du, tipp se nach op de Computer!
Joffer: An den Datum feelt nach!
Kanner jäizen:
Freiden, Freiden!
De Scotty spréngt op a kënnt mat engem Kalennerblat.
Mirza: Kuck, Joffer!
Hie weist säin T-shirt mat enger Dräizing drop.
De Scotty bréngt d'Kalennerblat vum Dag virdrun mat enger Siwenanzwanzeg drop.
Kanner jäizen:
zwee - aacht, zwee - aacht, zwee - aacht!
D'Joffer wëllt erklären ...
Scotty: Haut as Freiden, den aachtanzwanzegsten.
Joffer. Haut as Freiden, den aachtanzwanzegsten Mäerz nonzinghonnertsiwenannonzeg!
Si schreift et op.
Den Andy hëlt schnell den Ziedel an dréit sénger Joffer Brigitte en, fir hir d'Geschicht
ze liesen ze gin.
Natürlich herrschte nicht immer Einigkeit in unserer Gruppe. Diskussionen sogar Streitgespräche entstanden:
Mrs Vivian Gussin Paley, die viele Bücher veröffentlicht
hat wie Wally's Stories oder Boys and Girls, schreibt in ihrem Buch
The Boy Who Would Be a Helicopter - The uses of
Storytelling in The Classroom2: "As I learn to listen to what Jason tells
us about his helicopter fantasy, I begin to see in new ways that only by reaching into the endemic imagery of each child
can we proceed together in any mutual enterprise. All else is superficial; we will not have touched one another. -
Before I tell Jason's story, there is more to say about my own. The teachers are included in this community of
storytellers; the children show us that every story in the classroom influences all the others and must be told."
In diesem Kontext werden die Ideen reproduziert, sie reihen sich aneinander in einer authentischen Sprachsituation.
Es entstehen Verknüpfungen. Die Kinder erschaffen neue Strukturen und verändern die erlernten. Die
Sprachaktivität erhält transformativen Charakter. Die Dynamik entwickelt sich aus der Situation heraus.
Gemeinsam wird die Geschichte erschaffen. Die Sprachaktivität wird sowohl von den Kindern als auch vom Lehrer
beeinflusst. Alle sind in einem sozialen Prozess eingebunden, der auf verschiedenen Ebenen stattfindet. Auch das
Zuhören ist keinesfalls passiv. Es ist durchaus eine Beteiligungsform am aktiven Sprachlernprozess.
Diese Kommunikationsform motiviert die scheuen, zurückhaltenden Kinder, die durchaus die Fähigkeit zur
Mitteilung besitzen.
Auf diese oder ähnliche Weise können wir Rückmeldungen, die uns von den Kindern entgegengebracht
werden, in unseren Unterricht miteinbeziehen.
Das Zuhören, das Eingehen auf die Bedürfnisse der Kinder, das Sich-in-die-Kinder-Hineinfühlen
ist es, was uns Pädagogen neue Wege und Türen aufmacht.
1 Johnson, Paul 1990, London: Hodder & Stoughton
1990, S. 12, Cambridge Mass.: Harvard University Press