Unsere Eindrücke zu den Vorstellungen der Meisterwerke
Am Cycle 4 maachen d’Kanner en „chef d’oeuvre“, ier si an de Lycée ginn. Déi aner Cyclen kommen d’Presentatiounen kucken. Et ass de leschte grousse Projet vum Cycle 4.2.
Mir hu vill Saache geléiert. Mir hu villes iwwer de Cap-Vert, de Fluchhafen um Findel, de Fussball an d’80er Joeren entdeckt. Et goufen awer nach vill aner Themen, bei deene mir net dobäi waren.
De Chef-d’œuvre huet eis ganz gutt gefall. Mir hunn zesumme mat anere Kanner, déi och dobäi waren, e Plakat gemaach. Op dëser Trace stinn d’Saachen, déi mir geléiert hunn, an dat, wat eis besonnesch gutt gefall huet.
D’Kanner, déi net op de Presentatioune waren, kënnen hei noliesen, wat mir geléiert hunn.
Frida, Johann, Thélio, 8.06.26